Allgemeng Notzungsbedéngungen

1. Allgemeng, Beräich

a. Dës allgemeng Notzungsbedéngunge vun der Luxembourg Branch vun jobs Limited, 5 rue des Mérovingiens, L-8070 Bertrange Jobs.lu(„jobs.lu“ oder „mir“) bezéien sech op d'kontraktuellt Ofkommes (am folgenden als de "Kontrakt" bezeechent) tëschent jobs.lu engersäits an dem Benotzer (am folgenden als "Benotzer" oder "Dir" bezeechent) anerersäits, deen um Carrière Service interesséiert ass oder iergend eng Form dovunner notzt, déi www.jobs.lu oder aner Websäiten, fir déi dës allgemeng Notzungsbedéngunge gëllen, oder eis mobil Applikatiounen ("Appen") offréieren (zesummen am folgenden als "Service" bezeechent) Esou Websäiten an Appen ginn am folgenden als "jobs.lu Plattformen" bezeechent. Wann Dir Employeur sidd, da gëllen dës Notzungsbedéngunge net, mee eis Konditioune fir Recruteuren.

Fir gewëssen zousätzlech Servicer, gëllen eventuell zousätzlech Konditiounen, iwwert déi mir Iech eenzel informéieren. W.e.g. liest dës Notzungsbedéngungen opmierksam duerch. Wann Dir eis Notzungsbedéngungen net akzeptéiert, kënnt Dir eise Service net benotzen.

b. D'Servicer op déi sech dës Notzungsbedéngunge bezéien, sinn nëmme fir déi individuell Aarbechtssich vun natierleche Persounen als Employé oder als Freelancer bestëmmt. Anerwäerts ass et net erlaabt, dës Servicer fir kommerziell Zwecker ze benotzen, z.B. fir fir d'Servicer vun enger Firma Reklamm ze maachen.

2. Objet vum Kontrakt an Ëmfang vum Service

jobs.lu offréiert eng Gamme vu Carrière-Servicer iwwert hir Plattformen. jobs.lu wëll e Liewe laang Ären Assistent fir Är Carrière sinn. Wann Är Perspektiv am Liewen sech ännert, Dir Iech entwéckelt oder Dir nei Ziler ustrieft, dann offréiert jobs.lu Iech déi richteg Ënnerstëtzung fir Är Carrière. Eist Zil ass et eng laangfristeg Zesummenaarbecht opzebauen, fir e Produkt ze kreéieren an e Service zur Verfügung ze stellen, dee 7 Deeg an der Woch 24 Stonnen den Dag erreechbar ass, an deen et Iech erlaabt, Äert Liewen an Är Zukunft selwer an d'Hand ze huelen.

Dir kënnt gewësse Servicer ouni Umeldung benotzen. Duerch d'Umeldung fir en Job Alert oder jobs.lu Kont, hutt Dir Zougang zu zousätzleche Funktiounen a Servicer. Fir Iech déi spezifesch Servicer kënnen ze offréieren, wann Dir ugemellt sidd oder fir d'Lafzäit ze kalkuléieren, versuerge mir den Datum vun Ärer leschter Aktivitéit ("Datum vun der leschter Aktivitéit"). Dorënner kann och den Datum vun Ärer Umeldung an d'lescht Benotzung vu jobs.lu Servicer versuergt ginn, esou wéi Äre Login fir de jobs.lu Kont, geklickte Linken am jobs.lu Newsletter oder Job Alert oder d'Benotzung vum jobs.lu Profil oder all aner Aktioun, déi indiquéiert, dass Dir nach ëmmer dorunner interesséiert sidd, eis Servicer ze benotzen.

a. Servicer, déi ouni Umeldung disponibel sinn

Ouni Umeldung fir en Job Alert oder e jobs.lu Kont, kënnt Dir all Servicer benotzen, déi op eiser Websäit ouni Umeldung disponibel sinn. Virun allem kënnt Dir Aarbechtsannoncen duerchkucken, déi op eiser Websäit publizéiert sinn.

b. Job Alert

Dir kënnt Iech fir en Job Alert iwwert eis Plattformen umellen. Dat heescht, dass Dir da reegelméisseg E-mailen iwwer Offere kritt, déi Ärem Profil, esou wéi Dir e virdrun definéiert hutt, an/oder Ärem Sichverhalen op de jobs.lu Plattformen entspriechen. Wann Dir Iech och fir e Jobs.lu Kont ugemellt hutt, kënnt Dir zousätzlech Job Agent Funktioune benotzen, wéi ënnert 2.c.ee beschriwwen. Fir dass mir d'Authentifizéierung sécherstelle kënnen, dat heescht, fir dass mir onerlaabte Souscriptioune fir en Job Alert am Numm vun drëtte Parteien evitéiere kënnen, a wa mir Iech net kënnen op engem aanere Wee identifizéieren (wéi z.B wann Dir schonn op Ärem jobs.lu Kont ageloggt sidd), da schécke mir Iech e Bestätegungsmail no Ärer éischter Umeldung, an där mir Iech bieden, Är Umeldung nach eng Kéier ze reconfirméieren andeems Dir op de Link an deem E-mail klickt.

c. jobs.lu Kont

Gewësse Servicer sinn nëmmen disponibel am Kader vun engem My Jobs.lu Kont.

Wann Dir en Ofkommes fir e Jobs.lu Kont ofschléisst, kënnt Dir zousätzlech Servicer an Usproch huelen, wéi am folgende beschriwwen. Dir kënnt Iech fir e Jobs.lu Kont umellen esou wéi et am Abschnitt 3 beschriwwen ass.

aa. Gespäichert Offeren

Dir kënnt Offeren, déi Dir gekuckt hutt späicheren, z.B. andeems Dir de respektive Knäppchen an der Aarbechtsannonce dréckt. Dir kënnt dann iwwert Äre Jobs.lu Kont op dës gespäichert Offeren zougräifen. Jobs.lu analyséiert eventuell Är gespäichert Offeren a baséierend op dësen Analysen optimiséiert an adaptéiert Jobs.lu de Service, deen Iech ugebuede gëtt.

bb. jobs.lu Profil

Dir kënnt e CV-Profil ("Profil") op Ärem Jobs.lu Kont kreéieren, deen aus verschiddenen Informatiounen verbonne mat Ärem CV besteet an aus den Attachementer déi Dir unhänkt. Wann Dir Attachementer unhänkt, analyséiere mir hiren Inhalt an hir Struktur automatesch a benotzen esou Analyse fir de Service ze verbesseren, dee mir Iech ubidden. Dir kënnt tëschent dräi Astellunge fir e Profil wielen. Dir kënnt entweder aktiv, deelweis aktiv oder ëffentlech sinn. Dës Astellunge kënnt Dir zu all Moment änneren.

Dir kënnt all Profil benotzen, fir Iech op Aarbechtsannoncen ze bewerben, déi op de Jobs.lu Websäiten oder Appe publizéiert sinn, wann dës Optioun, dass Dir Iech kënnt iwwert d'Jobs.lu Plattform bewerben, fir dës speziell Aarbechtsannonce ugebuede gëtt. Mir benotzen Är Profildaten fir gewësse Felder vum Bewerbungsformulaire virzeginn an Dir kënnt nach zousätzlech Fichieren eroplueden. Wann Dir dee respektive Knäppchen dréckt i) versuerge mir entweder d'Daten, déi Dir am Bewerbungsformulaire zur Verfügung gestallt hutt op der Jobs.lu Plattform, sou dass déi respektiv astellend Firma do Zougrëff drop huet oder ii) transferéieren d'Daten un déi astellend Firma, nodeems déi astellend Firma den Optrag dozou ginn huet. Wa mir d'Bewerbung op eiser Plattform späicheren, dann huet déi respektiv astellend Firma och Zougrëff op Äre Profil a kann déi Date gesinn, déi Dir an Ärem Profil uginn hutt. Bei Jobs.lu kënne Clienten aus der ganzer Welt eng Aarbechtsannonce op eiser Plattform publizéieren. Dofir ass et méiglech, dass déi respektiv astellend Firma ausserhalb vun der EU oder dem Europäesche Wirtschaftsraum ("EEA") baséiert ass, sou dass et zum Kontrakt derzougehéiert, dass och Firmen aus anere Länner, Accès op Är Date kënnen hunn. Mir benotzen och d'Daten, déi Dir am Kader vun Ärem Profil erausginn hutt, fir Iech Offeren ze recommandéieren, déi op Ärem Profil baséieren a fir Iech adaptéiert sinn. Och fir all aner Servicer, déi mir Iech zur Verfügung stellen, kënne mir all Är Profildaten notzen, fir Äntwerte beim Ausfëlle vu Formulairen op eise Plattforme virzeginn.

Wann Dir wielt, Äre Profil partiell aktiv ze maachen, erlaabt Dir zousätzlechen Accès op Äre Profil (ënner anerem a Form vun enger Sich- an Downloadfunktioun) a maacht Deeler vun Ärem Profil an déi derzougehéierend Attachementer, esou wéi den Datum vun der leschter Aktivitéit zougänglech fir Jobs.lu Clienten, déi Zougang kaaft hunn oder op eng aner Manéier dozou berechtegt sinn, d'Direktsich vun der Datebank oder aner Servicer ze benotzen, mat deene Recruteuren Accès kënnen huelen oder CVe vun eise Benotzer kënnen zur Verfügung gestallt kréien, fir fräi Poste ze besetzen (Kandidateprofil-Clienten); esou Kandidateprofil-Clienten kënnen z.B. Recruteuren oder Employeure sinn. Mir analyséieren eventuell Ären deelweis aktive Profil fir e bei Kandidateprofil-Clienten aktiv presentéieren ze kënnen. Bei Jobs.lu kënne Clienten aus der ganzer Welt Accès op d'Direktsich vun der Datebank kafen. Dofir ass et méiglech, dass déi respektiv astellend Firma ausserhalb vun der EU oder dem Europäesche Wirtschaftsraum ("EEA") baséiert ass, sou dass Accès a Verëffentlechung och méiglech sinn an Drëttlänner a vun do aus. Fir deelweis aktiv Profiller gëtt keen aktuellen Employeur, keen Numm, keng E-mail Adress, keng Telefonsnummer an nëmmen déi éischt Ziffer vun der Postleitzuel ugewisen. All aner Daten, déi Dir am Kader vun Ärem Profil uginn hutt, si vollstänneg zougänglech fir Kandidateprofil-Clienten.

Wann Dir wielt, Äre Profil aktiv a public ze maachen, dann erlaabt Dir Accès (ënner anerem a Form vun enger Sich- an Downloadfunktioun) op a Verëffentlechung vun Ärem komplette Profil an den derzougehéierenden Attachementer, wéi och vun dem Datum vun der leschter Aktivitéit fir Kandidateprofil-Clienten. Als Deel vun engem aktiven an ëffentleche Profil, benotze mir och eventuell Är Profildate, fir ëffentlech zougänglech Profiller vun Iech an de beruffleche soziale Netzwierker ze fannen a fir Kandidateprofil-Clienten e Link op dës Profiller unzeginn. Mir analyséieren eventuell Äre Profil fir e ganz oder deelweis bei Kandidateprofil-Cliente aktiv presentéieren ze kënnen. Bei Jobs.lu kënne Clienten aus der ganzer Welt Accès op d'Direktsich vun der Datebank kafen. Dofir ass et méiglech, dass déi respektiv astellend Firma ausserhalb vun der EU oder dem Europäesche Wirtschaftsraum ("EEA") baséiert ass, sou dass Daten och kënnen an Drëttlänner verbreet ginn.

Mir benotzen och Informatioune, déi an Ärem Profil versuergt ginn, fir Är Sich ze verbesseren an Iech méi relevant Offeren op eise Plattformen oder duerch en Job Alert kënnen ze recommandéieren. An dëse Kontext bezéie mir Date mat an, déi net kënne benotzt ginn, fir Iech direkt z'identifizéieren, a Verbindung mat enger pseudonymiséierter Benotzeridentitéit an enger statistescher Datebank.

Mir garantéiere kee Mindestvolumen u Späicherkapazitéit fir Äert Profil. Mir behalen eis d'Recht vir, den Datevolumen zäitweis oder permanent fir d'Eropluede vun Daten anzeschränken, besonnesch wann dëst néideg ass aus technesche Grënn, zum Beispill fir der Service ze ënnerhalen oder ze optimiséieren.

cc. Bewerbung op Aarbechtsannonce mat Chiffernummer

Eng Aarbechtsannonce ass eng Aarbechtsannonce, déi déi astellend Firma geheim hält. Wann Dir op eng anonym Offer äntwert, leede mir Är Bewerbung zesumme mam Motivatiounsbréif an all Daten, déi doranner enthale sinn weider un de Client mat där Chiffernummer. Mir kontrolléieren net reegelméisseg den Inhalt vun Ärem Message. Mee, mir hunn d'Recht dozou dat ze maachen. Mir leeden Äre Motivatiounsbréif net weider, wann den Inhalt géint des Notzungsbedéngunge verstéisst. Mir akzeptéieren Späre fir eenzel Firmen, wann Dir eis den detailléierten a korrekten Numm (Numm a Forme juridique vun der Firma) an d'Adress vun der Firma ginn hutt. Allerdéngs, wéinst der zäitopwänneger Recherche déi domat verbonnen ass, akzeptéiere mir keng Späre fir ganz Gruppe vu Firmen.

dd. Historique vun de Bewerbungen

Am Kader vun Ärem Jobs.lu Kont versuerge mir Är Bewerbungen (zesumme mat hiren Attachementer als CV oder Motivatiounsbréif) op Aarbechtsaanoncen, déi op der Jobs.lu Plattforme publizéiert gi sinn an engem Historique, op deen Dir iwwert Äre Jobs.lu Kont kënnt zougräifen. Informatioune vun dëse Bewerbunge kënne benotzt ginn, fir gewësse Felder virzeginn wann Dir e Jobs.lu Kont uleet, am Aklang mam Abschnitt 2.c.bb. virdrun.

ee. Zousätzlech Funktioune fir Job Alerts

De Jobs.lu Kont, stellt Iech zousätzlech Funktiounen fir en Job Alert (cf. Abschnitt 2.b.) zur Verfügung fir deen Dir ugemellt sidd. Dir kënnt d'Job Alert Astellunge verwalten, z.B. wéi oft dass Dir gären Job Alert E-mailen geschéckt hätt. Den Job Alert liwwert dann och besser Resultater. Dir kënnt zu jiddwer Zäit dës Sich desaktivéieren Job Agent Express

ff. Newsletter

Als Bestanddeel vun Ärem Jobs.lu Kont kënnt Dir verschidden Newsletteren abonéieren. Mir schécken Iech eventuell och Newsletteren iwwer E-mail, déi Jobs.lu Servicer betreffen. Dës gläichen de Jobs.lu Servicer, déi Dir scho gebraucht, ausser Dir hätt dës Newslettere kontestéiert. Dir kënnt zu jiddwer Zäit all Newslettere vu Jobs.lu fir näischt kontestéieren. Mir informéieren Iech iwwert Äert Kontestatiounsrecht, wa mir Är E-mail Adress ophuelen an och an deem respektive Newsletter. Wann Dir keng E-mail Message méi kréie wëllt, klickt w.e.g.de Link fir ofzemellen, dee bannent all Message enthalen ass an/oder kontaktéiert eis iwwer info@jobs.lu. Doriwwer eraus kënnt Dir Är Astellungen iwwert Äre Jobs.lu Kont kucken an änneren.

3. Umeldung fir e jobs.lu Kont

a. Wann Dir Iech wëllt umellen an e Jobs.lu Kont kreéieren, musst Dir eis eng gëlteg E-mail Adress an e Passwuert uginn. Mir versuergen dës Informatioun.

b. Nodeems mir Är Umeldung fir d'Kreatioun vun engem Jobs.lu Kont kritt hunn, confirméiere mir mat engem Message un déi E-mail Adress, déi Dir uginn hutt, dass mir Är Umeldung kritt hunn. D'Ofkommes fir Äre Jobs.lu Kont tëschent Iech an eis trëtt a Kraaft, wa mir Äre Jobs.lu Kont aktivéieren. D'Finaliséierung vun der Umeldung duerch Iech, stellt nëmmen en Angebot duer fir a Kontakt ze trieden. Jobs.lu behält sech d'Recht vir den Ofschloss vun engem Kontrakt no eegenem Ermiessen ze approuvéieren oder ofzelehnen. Et huet keen en Urecht den Ofschloss vun engem Kontrakt ze revendiquéieren.

c. Dir musst déi Informatiounen an Daten, déi verlaangt ginn, vollstänneg an der Wourecht entspriechend uginn. Dir sidd dofir verantwortlech, fir Är Kontaktdaten (besonnesch Är E-mail Adress) aktuell ze halen a sécher ze versuergen, fir dass Dir ënner där E-mail Adress kënnt kontaktéiert ginn, an dass d'E-mail Adress net kann un eng aner Persoun iwwerdroe ginn, Sollten Daten, déi Dir uginn hutt sech änneren, musst Dir dës Daten direkt upassen a korrigéieren. Am Fall wou Dir onkomplett oder falsch Informatiounen ugitt, huet Jobs.lu d'Recht, Äre Kont an den Accès op eis Plattform zäitweis oder fir ëmmer ze blockéieren an/oder ze terminéieren esou wéi et d'Klausel 10dëst virgesäit.

d. All Benotzer däerf nëmmen ee Kont erstellen. De Kont kann net op en aneren iwwerdroe ginn.

4. Récktrëttsrecht

Wann Dir eise Servicer als e Konsument am Sënn vum § 13 vum Däitsche Code Civil benotzt, hutt Dir e Récktrëttsrecht am Aklang mat de folgende Bestëmmungen.

Informatiounen iwwert Äert Récktrëttsrecht

Récktrëttsrecht

Dir hutt d'Recht vun dësem Kontrakt bannent 14 Deeg zréckzetrieden ouni e Grond unzeginn.

D'Récktrëttsrecht leeft 14 Deeg nom Ofschloss vun dësem Kontrakt of. Fir d'Récktrëttsrecht kënnen auszeüben, musst Dir eis

Luxembourg Branch vun jobs Limited

5 rue des Mérovingiens

L-8070 Bertrange

Tel.: (+352) 27 99 27 98, Mail: info@jobs.lu

duerch eng eendeiteg Erklärung (z.B e Bréif per Post, Fax, oder E-mail) iwwert Är Decisioun, dass Dir Iech vun dësem Kontrakt zréckzitt, informéieren. Dir kënnt den attachéierte Beispillformulair fir Récktrëttserklärunge benotzen, mee et ass net obligatoresch.

Fir den Delai fir de Récktrëtt anzehalen, geet et duer, dass Dir Är Matdeelung, dass Dir Äert Récktrëttsrecht wëllt ausüben, fortschéckt, éier den Delai fir de Récktrëtt eriwwer ass.

Effet vum Récktrëtt

Wann Dir Iech vun dësem Kontrakt zréckzitt, rembourséiere mir Iech all Payementer, déi mir vun Iech kritt hunn, ënner anerem d'Liwwerkäschten (ausser déi zousätzlech Käschten, déi dorausser resultéieren, dass Dir en aneren Typ vu Liwwerung gewielt hutt, wéi déi bëllegste Standardliwwerung, déi mir ubidden), ouni iwwerméissege Retard an op jiddwer Fall net méi spéit wéi 14 Deeg vun deem Dag un, wou mir iwwert Är Decisioun, vun dësem Kontrakt zréckzetrieden, informéiert gi sinn. Mir rembourséieren Iech op deem selwechte Wee, deen Dir fir déi initial Transaktioun benotzt hutt, ausser Dir hutt ausdrécklech enger Ännerung zougestëmmt; op alle Fall, entsti keng Fraisen fir Iech duerch esou e Remboursement.

Wann Dir verlaangt hat, mat der Leeschtung vun de Servicer schonn unzefänke wärend der Period wou Dir d’Récktrëttsrecht konnt ausüben, musst Dir eis e Montant, dee proportionell ass zu deem, wat geleescht ginn ass am Vergläich zum vollen Ëmfang vum Kontrakt bezuelen, bis dass Dir eis Äre Récktrëtt vun dësem Kontrakt matgedeelt hutt.

5. Obligatiounen a Responsabilitéite vum Benotzer

a. Benotzer si vollstänneg selwer responsabel, fir fir d'Hardware an d'Internetverbindung ze suergen, déi néideg ass fir eise Service ze benotzen.

b. W.e.g. verséchert Iech, dass de Service, am Kader vun engem Jobs.lu Kont, nëmme vun Iech benotzt gëtt. Dir musst d'Zougrëffdaten a Passwierder streng vertraulech halen. Dir sidd responsabel fir all a jiddwer Benotzung vun den Zougrëffdaten a Passwierder an all Aktioun, déi am Zesummenhang vum Gebrauch vun Ärem Jobs.lu Kont steet. Wann eng net autoriséiert drëtt Partei tatsächlechen oder supposéierten Accès op Äre Login (d'E-mail Adress a Kombinatioun mam Passwuert) huet, musst Dir direkt Jobs.lu informéieren an dat betreffend Passwuert esou séier wéi méiglech änneren.

c. Dir däerft keng Illegalitéiten am Zesummenhang mam Gebrauch vun eise Servicer maachen an/oder géint gëltegt Recht verstoussen. Notamment däerft Dir net:

· Eis e Contenu liwweren, deen

- belästegend, beleidegend, jugendgefährdend oder op eng Aner Aart a Weis illegal ass;

- géint d'Rechter vun Drëttparteie verstoussen, besonnech géint d'Droits d'auteur, d'Perséinlechkeetsrechter an aner Proprietéitsrechter;

- vertraulech ass, z.B. Betribsgeheimnisser

· eng aner Persoun imitéiert, z.B, e Fonctionnaire, e Representant vun eis, oder virgëtt eng Verbindung zu esou enger Persounen ze hunn, obwuel dat net der Realitéit entsprécht, Benotzeridentitéite virtäuscht oder geschützte Marke manipuléiert an/oder den urspréngleche Contenu, deen am Zesummenhang mat dësem Service transmettéiert gëtt, verschleiert;

· Reklamme-, Spam- oder Massemaile, Kettebréiwer, Schnéiballsystemer oder aner kommerziell Matdeelunge séchert, publizéiert oder transmettéiert;

· Scraping, oder ähnlech Technike benotzt, fir Inhalter ze sammelen déi da fir aner Zwecker benotzt ginn, fir Inhalter nei ze publizéieren oder se op eng aner Manéier, wéi fir dës Servicer virgesinn, ze benotzen;

· Techniken oder aner automatiséiert Servicer, déi de But oder d'Resultat hunn, dass si d'Benotzeraktivitéit inkorrekt uweisen, z.B. andeems e Bot, Bot Netz, Skript, eng App, e Plugin, eng Extensioun oder méi dovun oder aner automatiséiert Instrumenter agesat ginn fir Konten unzemellen, Contenu ofzespillen, Messagen ze verschécken, Kommentaren ze posten oder verschidden Akten;

· eng natierlech Persoun oder Firma belästegt, menacéiert, beleidegt oder diffaméiert, erofmécht oder diskriminéiert wéinst dem Geschlecht, der Rass, Relioun oder dem Glawen, oder onwouer Fakten iwwert eng natierlech oder legal Persoun nennt oder verbreet;

· perséinlech Daten vun engem anere Benotzer sammelt, séchert oder transmettéiert, wann déi betraffe Persoun net doran agewëllegt huet;

· Linken op Inhalter vun Drëttparteien enthält, déi géint d'Regulatioune vun dëse Notzungsbedéngungen oder aner Regulatioune verstoussen.

d. All Informatioun, déi an Ärem Profil enthalen ass an all aner Informatioun oder Contenu déi Dir eis liwwert ("Contenu") muss wouer sinn. Dat heescht, dass Dir keng Profiller fir Drëttpersounen ouni hir Zoustëmmung oder fir net existéierend Persounen däerft kreéieren, an dass all Profilbiller, déi Dir transmettéiert, Iech weise mussen.

e. All Contenu, deen Dir eis liwwert, däerf keng Viren, Wierm oder aner schiedleche Code enthalen. Perséinlech Daten, déi Dir schéckt oder u Jobs.lu erausgitt, sollt Folgendes net enthalen an Dir garantéiert, dass et Folgendes net enthält:

· ethnesch Originnen,

· politesch Meenungen,

· reliéis oder philosophesch Iwwerzeegungen

· Memberschaft vun enger Gewerkschaft

· genetesch Daten,

· biometresch Daten, déi d'Zil hunn eng natierlech Persoun an hirer Eenzegaartegkeet ze definéieren,

· Daten, déi d'Gesondheet ubelaangen

· Daten déi enger natierlech Persoun hiert Sexliewen oder sexuell Orientatioun ubelaangt.

f. Wann Dir perséinlech Daten un aner Benotzer oder Recruteure weidergitt, da fënnt déi Transmissioun op Ären eegene Risiko statt. Jobs.lu kann den tatsächleche Gebrauch vun Äre perséinlech Daten duerch d'Rezipienten net kontrolléieren. Dofir, iwwerpréift w.e.g. d'Identitéit vun den Empfänger vun Ären Daten, éier Dir se fortschéckt. Zum Beispill, sollt Dir Är perséinlech Daten net un eng privat E-mail Adress schécken. Mir roden Iech och, gewësse sensibel Daten net u Recruteuren ze schécken, och wann si se verlaangen. Sensibel Daten an dësem Sënn sinn zum Beispill d'Passnummer, d'Sozialversécherungsnummer oder Är Bankverbindung.

6. Erlaabnes, déi de Contenu vum Benotzer betrëfft

a. Dir däerft eise Service benotzen an däerft Contenu un eis transmettéieren am Aklang mat dëse Notzungsbedéngungen. Mir examinéieren dëse Contenu net a mir erhiewen och keen Usproch op de Besëtz vun dësem Contenu. Andeems Dir Jobs.lu de Contenu liwwert, beoptraagt Dir eis domat de Contenu ze sécheren, ze hosten an -wann dëst zoutrëfft- en der Ëffentlechkeet zougänglech ze maachen. Mir benotzen Äre Contenu am Aklang mam Kontrakt tëschent Iech an eis an ënnert dëse Notzungsbedéngungen. Andeems Dir Jobs.lu de Contenu liwwert, accordéiert Dir eis eng net exklusiv, territorial onbegrenzten Erlaabnes fir d'Lafzäit vun dësem Kontrakt, de Contenu am But vun der Dispositioun vun de Servicer, déi ënner dëse Kontrakt falen, ze benotzen. Dëst beinhalt d’Recht de Contenu ze sécheren, ze reproduzéieren, ze formatéieren, ze reformatéieren, technesch z‘editéieren, ze transmettéieren, zougänglech ze maachen, z' analyséieren, analyséieren ze loossen, statistesch z‘evaluéieren an/oder evaluéieren ze loossen vun eiser Firma oder vun enger Drëttpartei.

b. Dir garantéiert, dass Dir all Rechter besëtzt, oder eng Erlaabnes besëtzt, wat de Contenu betrëfft, déi néideg sinn, fir Jobs.lu d’Rechter am Sënn vum Abschnitt 6 a ze bewëllegen an dass de Contenu a säi Gebrauch duerch Jobs.lu ënnert dësem Kontrakt net géint eis Benotzungsbedéngungen oder applikabel gesetzlech Bestëmmunge verstéisst, an dass en d’intellektuell Proprietéitsrechter an aner Rechter vun Drëttparteien net verletzt.

7. Käschten

D'Servicer vu Jobs.lu ënnert dëse Notzungsbedéngunge si gratis.

8. Keng Garantie; Backup Kopien

a. Mir iwwerhuele keng Garantie fir d'Wärung, d'Richtegkeet, d'Vollstännegkeet, d'Benotzbarkeet an d'Brauchbarkeet vu Contenu op eise Plattformen. Mir iwwerhuelen och keng Garantie fir den Ofschloss vun engem Aarbechtskontrakt tëschent de Benotzer vun eise Plattformen als Bewerber an engem Employeur.

b. Jobs.lu garantéiert net, dass d'Servicer, déi mir offréieren zu bestëmmten Zäiten oder permanent disponibel sinn. Stéierungen, Ënnerbriechungen oder méiglech Ausfallzäiten vun den (online) Servicer kënnen net ausgeschloss ginn. Aus techneschen oder funktionelle Grënn ass méiglech, dass d'Disponibilitéit zäitweis ageschränkt ass. Besonnesch hisiichtlech de Capacitéitslimitten, der Sécherheet oder der Integritéit vun den Dateveraarbechtungssystemer oder der Implementéierung vun technesche Mesuren, déi fir eng gereegelt oder verbessert Performanz néideg sinn, ass dëst méiglech.

c. Et gi reegelméisseg suergsam Backupe vun de Jobs.lu Servere gemaach. Trotzdeem ass Dateverloscht net ausgeschloss. Wann Dir Daten, egal a wéi enger Form, transmettéiert oder eropluet, rode mir Iech Backupen dovunner ze maachen, Dat gëllt och an deem Fall wou Dir Äre Kontrakt mat eis kënnegt, well mir keng Kopie vun Ären Daten no der Läschung behalen - ausser mir sinn dozou gesetzlech obligéiert am Zesummenhang mat der Datekonservéierung.

9. Haftung

a. Wéi d'gesetzlech Bestëmmungen et virgesinn, hafte mir fir Schied déi (i) aus enger Verletzung vum Liewen, vum Kierper oder der Gesondheet resultéieren duerch eng Flichtverletzung vu Jobs.lu, engem gesetzleche Vertrieder oder engem Auxilliaire d'execution ("Erfüllungsgehilfe") vu Jobs.lu, (ii) aus engem Feele vun enger vu Jobs.lu garantéierter Viraussetzung resultéieren, (iii) absichtlech oder duerch eng grav Noléissegkeet verschold gi sinn, och vun eise gesetzleche Vertrieder oder engem Auxilliaire d'execution ("Erfüllungsgehilfe"), oder (iv) duerch béiswëllegt Verhale vu Jobs.lu verschold gi sinn.

b. Am Fall vu materiellem Schued oder finanziellem Verloscht, verschold duerch liicht noléissegt Verhale vu Jobs.lu, engem gesetzleche Vertrieder oder engem Auxilliaire d'execution ("Erfüllungsgehilfe") vu Jobs.lu, haft Jobs.lu nëmmen am Fall vun enger substanzieller Violatioun vun enger essentieller kontraktueller Obligatioun, mee nëmmen an der Héicht vum Montant fir en typesche Schued, dee virauszegesinn war am Fall vum Ofschloss vum Kontrakt. Essentiell kontraktuell Obligatioune sinn déi Obligatiounen, deenen hir Erfëllung eng korrekt Ausféierung vun engem Ofkommes eréicht erméiglechen an op deenen hir Observatioun sech d’Parteien am Kontrakt reegelméisseg verloossen.

c. Eng méiglech Haftung nom Produkthaftungsgesetz ass dovunner net betraff.

d. All weider Haftung vu Jobs.lu ass ausgeschloss.

e. Jobs.lu haft net wéinst gesetzleche Bestëmmungen am Fall vu klengen Noléissegkeeten.

f. Souwäit dës Haftung vu Jobs.lu ausgeschloss oder limitéiert ass, bezitt sech dat och op d'perséinlech Haftung vun de rechtleche Vertrieder, de Virstänn oder den Auxilliaires d'execution ("Erfüllungsgehilfe") vu Jobs.lu.

10. Kënnegung

a. D'Ofkommes mat Iech fir de Jobs.lu Kont an deem sengem Kader d'Servicer geleescht ginn, esou wéi fir en Job Alert gëtt fir eng onlimitéiert Zäit ofgeschloss. Dëst Ofkommes ka vun enger vun deenen zwou Parteie mat Effet immediat schrëftlech gekënnegt ginn.

b. Wann d'Ofkommes fir Jobs.lu oder den Job Alert gekënnegt gëtt, läsche mir all Är perséinlech Daten, déi mir versuergt hunn, oder versuergen Är Daten an depersonaliséierter Form, ausser d'Veraarbechtung ass rechtméisseg an néideg fir aner Zwecker.

11. Intellektuell Proprietéitsrechter op eise Plattformen

a. Eis Plattformen an all verbonne Software, Datebanken, Grafiken, User-Interfacen, den Design an zousätzlech Inhalter, Nimm a Marke si protegéiert duerch d'Legislatioun vun den Droits d'auteur, dem Markerecht an den zousätzleche Proprietéitsrechter. Tëschent Iech a Jobs.lu, gëllt Jobs.lu als den eenzegen Titulaire vun alle Rechter vun der intellektueller Proprietéit.

b. Ënnert der Konditioun, dass Dir Iech un dës Notzungsbedéngungen haalt an un all aner applikabel Bestëmmungen, accordéiert Jobs.lu Iech en net exklusiivt an net iwwerdrobart Recht, d'Plattformen an de Service ze benotzen. Dir däerft net (i) d'Plattformen oder d'Servicer fir d'Entwécklung vun anere Servicer benotzen; (ii) Funktioune vun de Plattformen oder dem Service aktivéieren oder benotzen fir déi Dir kee Benotzungsrecht hutt; (iii) de Quellcode änneren, iwwersetzen, reproduzéieren, decompiléieren, seng Funktiounen ënnersichen, ausser et ass rechtlech obligatoresch oder erlaabt.

12. Vertraulechkeet an Dateschutz

Mir behandelen Är perséinlech Daten zu jiddwer Zäit vertraulech. Mir benotzen oder publizéieren se nëmmen, wann et néideg ass ënner dëse Notzungsbedéngungen. All Sammlung a Veraarbechtung vu Benotzer hire perséinlechen Daten geschitt ënner Beuechtung vun den applikabelen Dateschutzgesetzer. Dir kënnt weider Informatiounen iwwert de Gebrauch vu perséinlechen Daten op eise Plattformen an eiser Dateschutzbestëmmung kréien.

13. Ännerung vun dëse Notzungsbedéngungen

a. Ännerungen an de Servicer, déi eng Umeldung erfuerderen

Mir behalen eis d'Recht vir, d'Servicer, déi eng Umeldung brauchen (Job Alert or Jobs.lu Account) ze modifiéieren an ze ajustéieren, souwäit

(i) Dës Modifikatiounen oder Ajustementer ausschliisslech virdeelhaft fir de registréierte Benotzer sinn, oder

(ii) Dës Modifikatiounen oder Ajustementer néideg sinn, fir konform ze si mat gëltegem Recht, besonnesch, wann déi aktuell rechtlech Situatioun sech ännert oder fir konform ze sinn mat geriichtlechen oder offiziellen Decisiounen, oder

(iii) Dës Modifikatiounen oder Ajustementer ouni signifikanten Afloss op d'Funktiounen oder d'Servicer, a reng an eleng technescher Natur sinn. b. Ännerungen an de Notzungsbedéngungen déi eng Umeldung erfuerderen

(i) Mir behalen eis d'Recht vir, eis Notzungsbedéngunge fir Servicer, déi eng Umeldung erfuerderen (Job Alert oder Jobs.lu Kont), zu all Zäit z'änneren. Am Fall vun esou enger Ännerung vun de Notzungsbedéngungen, informéiere mir Iech entweder a) bei Ärer nächster Visite iwwert eng entspriechend Bildschiermmask oder b) iwwert en E-mail. Wann Dir weiderhin d'Servicer benotzt, wann Dir esou Informatiounen kritt, sidd Dir averstanen mat der Validitéit vun den neien Konditioune vun der Benotzung.

(ii) Wann d'Ännerung vun den Notzungsbedéngungen och eng Ännerung vum Zweck vun der Dateveraarbechtung duerstellt, andeems d'Date fir en aneren Zweck veraarbecht ginn wéi den ursprénglechen Zweck fir deen si gesammelt goufen, da geschitt dat nëmmen, wann dëst rechtméisseg ënner den applikabele Bestëmmungen ass (dorënner dem Art. 6 para 4 GDPR). Doriwwer eraus informéiere mir Iech am Viraus iwwert d'Konformitéit mat rechtleche Bestëmmungen. c. Ännerunge vu Servicer oder de Notzungsbedéngunge fir Servicer, déi ouni Umeldung disponibel sinn

Fir Servicer, déi ouni Umeldung disponibel sinn, gëllen dës Notzungsbedéngungen an hirer aktueller Versioun, déi op der Plattform publizéiert gëtt wann Dir de Service benotzt a mir däerfen dës Notzungsbedéngungen zu all Moment änneren.

14. Applikabelt Gesetz; Geriichtsuert an aner Bestëmmungen

a. Dëse Kontrakt a seng Interpretatiounen ënnerleien Lëtzebuerger Recht. Wann Dir e Konsument sidd, däerf dëse Choix vun der Legislatioun awer, net als Resultat hunn, Iech d'Protektioun virzëenthalen, déi zwéngend Bestëmmungen Iech deem Gesetz no ginn hätten, dat applikabel gewiescht wier wa kee Choix méiglech gewiescht wier, am Aklang mam Artikel 6 para 2 vu Regulatioun (EC) 593/2008.

b. Wann eng Bestëmmung an dëse Notzungsbedéngungen sech als vollstänneg oder deelweis ongëlteg oder net duerchsetzbar erweist, kann dës Bestëmmung als separabel vun dëse Notzungsbedéngunge consideréiert ginn, a beaflosst doduerch d'Gëltegkeet an d'Verwäertbarkeet vun allen anere Bestëmmungen vun dëse Notzungsbedéngungen net. An esou engem Fall gëtt déi ongëlteg oder net duerchsetzbar Bestëmmung duerch eng gesetzlech Bestëmmung ersat.

c. Bemierkungen zum Bäileeë vun engem Sträit:

Mir sinn net obligéiert an net gewëllt u Prozeduren deelzehuele vun enger Kommissioun vu Konsumente fir den Arbitrage vu Sträiter. Op der Europäescher online Plattform fir d'Bäileeë vun engem Sträit http://ec.europa.eu/consumers/odr/ kënnt Dir Informatiounen fannen iwwert alternativ Methoden fir e Sträit bäizeleeën. Am Moment huele mir net un dësem Programm deel).