Zeréck bei d'Resultater Plaz mierken Virgemierkten Plazen

CHARGE(E) DE DIRECTION (32-40 St. CDI)

Mouvement Ecologique Asbl
Standuert:
Luxembourg
Gehalt:
non communiqué
Läscht Aktualiséierung:
24. Oktober 2026
Kontrakttyp:
CDI
Stonnen:
Vollzäit,Deelzäit
Dëi Plaz mellen - an engem neien Tab

Beschreiwung vun der Plaz

De Mouvement Ecologique asbl sicht fir direkt eng / een

CHARGE(E) DE DIRECTION
(32-40 St. CDI)

 

Mir stellen eng Persoun (m,w,d) an, déi dem Mouvement Ecologique säi gesellschaftspoliteschen Engagement deelt a bereet ass, laangfristeg eng
Responsabilitéit an der Alldagsorganisatioun ze iwwerhuelen.

 

Är Missioun:

  • Gerance vum Mouvement Ecologique am organisatoreschen, administrativen a finanzielle Beräich
  • Zesummenaarbecht mam Verwaltungsrot, politeschen an institutionellen Acteuren an de Medien
  • Begleedung vum Team vun haaptamtleche Mataarbechter:innen
  • Lien mat de Memberen a Benevollen
  • Aktiv Bedeelegung un der Entwécklung vum Mouvement Ecologique
  • Entwéckelen a Begleede vun ëmwelt- a gesellschaftspoliteschen Theme fir eng nohalteg Transitioun
  • Aktiv Bedeelegung an Duerchféiere vu Member- a Spendenaktiounen.

 

Äre Profil a Kompetenzen:

  • Bachelor- oder Master-Ofschloss am ekologeschen oder gesellschaftspoliteschem Beräich
  • Erfarungen an de genannten Aarbechtsgebidder si Viraussetzung
  • Interessi un Zesummenaarbecht mat éierenamtlech engagéierten
  • a wäertschätzenden Ëmgang mat Leit
  • Dynamesch, kommunikatiounsfäeg esouwuel autonom, wéi och am Team ze schaffen
  • Gewësse Flexibilitéit a punkto Aarbechtszäiten
  • Sproochen (D/EN/F/L): fléissend geschwat / ganz gutt Fäegkeeten
  • an der Redaktioun vun Texter (D/F/ EN vu Virdeel).

 

Wat mir bidden:

Mir bidden eng sënnvoll, interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht fir eng liewenswäert Zukunft zesumme mat enger Ekipp vun héichmotivéierten
Haaptamtlechen a Benevollen, déi an enger kollegialer Atmosphär zesummeschaffen.

 

Schéckt Är Kandidatur mat CV a Motivatiounsbréif bis de 9/11/2026 un
Mouvement Ecologique asbl
6, rue Vauban,
L-2663 Luxembourg
oder per E-mail via Jobs.lu


Fir dës Plaz bewerben

You are just a few steps away

Gidd w.e.g. Är E-mail-Adress an

Hänkt en Liewenslaf un Är Kandidatur

Ausgewielten Liewenslaf vir Är Online-Bewerbung:
Keen Liewenslaf ugehaangen

ODER

    • Sicht op dësem Gerät

Maacht Äre CV fir Rekrutéierer an der Jobs.lu-CV-Datenbank sichtbar?

Sidd dir gesetzlech berechtegt an der Europäescher Unioun ze schaffen?

 Andeems Dir weider klickt, sidd dir mat eisen Allgemenge Notzungsbedéngungen averstane an dir erlaabt jobs.lu des Informatiounen mam Mouvement Ecologique Asbl ze deelen