Stellenausschreibungen formulieren

Wéi kann ech meng Annonce formuléieren?

Beschreiwung vun der Aarbechtsplaz – Notzt d’Fräiheet vun der Onbegrenztheet
Op eiser Säit hutt Dir fir Är Annonce keng Limite bei der Formuléierung vun der Beschreiwung. Dir kennt Är Annonce esou präzis wéi méiglech an sou emfangräich wéi néideg gestalten. Am Géigesaz zu der Zeitung oder Klengannoncen bezuelt Dir bei eis net pro Zeil, vun dohier kennt Dir Iech all Fräiheeten huelen. Déi wichtegst Informatiounen fir Är Kandidaten sinn natierlech: Aarbechtszäit, Ufuerderungen, Verantwortlechkeeten, eventuell e puer Informatiounen zu Ärer Firma an Ärer Firmenkultur. Wichteg och: ass et eng zäitlech begrenzten Plaz oder eng zäitlech onbegrenzten Plaz. Sou kann den Kandidat schnell erkennen, ob en den Ufuerderungen entsprécht an den idealen Kandidat ass. Um Enn spuert Dir Zäit, well Dir keng Virstellungsgespréicher feieren musst matt ongeegneten Kandidaten.

Titel vun der Annonce – Matt Ausso an geziilt
Den Titel vun Ärer Annonce ass enorm wichteg. Et ass dat éischt, wat den Kandidat vun Ärer Annonce gesäit. Sidd dohier ganz präzis an Ärer Beschreiwung an vermeid et, fir ganz Sätz ze schreiwen oder onpräzis ze sinn. Beispill: “Mir sichen Kandidaten” oder “Controller matt laangjäreger Beruffserfahrung fir Hallefdaags matt engem Verdéngscht vun €22K pro Joer, vun elo un” sinn net effektiv. Dir hutt genuch Plaz an der Beschreiwung, fir ganz präzis op Är Plaz anzegoen. Den Titel sou kuerz wéi méiglech halen: “Controller (m/f” ass ëmmer nach déi beschten Wiel.

Gewielten Sprooch – Wien liest Är Annonce
An enger perfekter Welt kennen d’Kandidaten Är Firma auswenneg, se verstinn Är Firmenkultur a wëssen Bescheed iwwert intern Prozesser. Souguer wéi Dir Ären Kaffi gären drénkt, ass bekannt. Dat ass ze vill Insiderwëssen oder net wichteg? Perfekt. Dann schreift Är Annonce esou, datt den Kandidat, deen der sicht, se verstoen kann. Wann Dir awer elo en Kandidat sicht, deen genau weess, wéi den Hues leeft, dann zeckt net, Är Annonce an Ärem Jargon ze schreiwen. Bedenkt awer, datt der dann ënner Ëmstänn manner Kandidaturen kritt.

Den Verdéngscht – Wann et geet, net verstoppen
Wann der kennt uginn, wéi vill den Kandidat op Ärem gesichten Posten verdéngt, dann maacht et och publik. Et ass fir den Kandidat méi einfach, sech fir Iech ze entscheeden, wann en weess, wat en erwaarden kann. Dir wëllt keng genee Zomm soen? Dat ass natierlech och keen Problem. Dir kennt jo uginn, wéi vill een ongeféier verdéngt. Sätz wéi “Je no Ärer Erfahrung an Kompetenz” kennt der gären uginn. “No Ofsprooch” sollt Dir awer nëmmen wielen, wann den Verdéngscht tatsächlech verhandelt muss ginn. Wann der elo den Verdéngscht net wëllt uginn, dann schreift einfach “Net kommunizéiert”.

Kontaktdetailer – Wat méi, wat besser
Gidd Ären Kandidaten sou vill Kontaktdetailer matt op den Wee wéi méiglech. Numm, vollstänneg Adress, Telefonsnummer, Faxnummer, Websäit an Emailsadress sin wichteg. Dozou hutt Dir d’Méiglechkeet, Ärer Firma en Gesiicht ze ginn andeems der net nëmmen Är Funktioun, mee och Ären Numm ugidd. Esou ass et fir d’Kandidaten vill méi perséinlech, matt Ärer Firma an Kontakt ze trieden.

Selbstverständlech, awer trotzdem wichteg: Iwwerpréift Är Donnéen zum Schluss nach eng Kéier.