Nach net iwwerzeegt?

Mir offréieren Iech vill interessant Produite vir all Är Besoinen

Fannt de richtege Kandidat

Mat iwwer 10 Joer Erfarung, ass jobs.lu  Ären Expert am Beräich Online-Rekrutéierung zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an am Ausland.

Mat iwwer 2,3  Millioune Kandidature séit der Verëffentlechung vum Site am Joer 2007 an eleng 450.000 Kandidaturen am Joer 2016, kennt Dir Iech dorop verloosse mat eis déi richteg Kandidaten unzespriechen. Mat eiser grousser CV Datebank kéint d’Sich nom richtege Kandidat net méi einfach sinn.

USPs
Reaching your Audience

Areecht déi richteg Leit

Eist Zil ass et Online-Rekrutéierungen ze vereinfachen. Mat jobs.lu kennen sech Kandidaten iwwerall, zu all Moment a vun all Apparat bewerben.

Vir Iech bei der Sich no de richtege Kandidaten ze ënnerstëtzen, hutt Dir d’Méiglechkeet op jobs.lu Är Kultur a Wäerter mat engem vollstännege Firmeprofil an de Virdergrond ze stellen. Sou kennt Dir Ärem Profil nieft Ären Annoncen, zousätzlech Infoen, Fotoen, Videoen oder Linken zu Äre Social Media Kanäl bäifügen.

slots
Sloten

Eis flexibel Léisung fir en permanente Rekrutéirungsbesoin.
Méi Detailer

Credits
Annoncenkreditter

Eis traditionell Offer vir eng eficace Rekrutéierung.
Méi Detailer

Profile Search
Profilsich

Sourcing vun héichqualifizéierten Kandidaten (Liewensleef sinn max. 12 Méint aal)
Méi Detailer


LuxPlus

Erweidert Offer fir eis Nopeschlänner fir den ideale Kandidat ze fannen
Méi Detailer

international recruitment
International

Rekrutéierung vu Kandidaten an méi wéi 130 Länner weltwäit.
Méi Detailer

Produiten & Servicer
Produiten & Servicer

 

Ëmmer méi

Temoignagen

Héiert vun eisen zefriddene Cliente méi iwwert jobs.lu

Cet excellent service fait vraiment la différence.

Anne Barel, HR Officer

Weider Berichter liesen >>




Kontaktéiert eis

Eis multi-lingual Equipe ass bereet Iech bei all Fro ze hëllefen

Iwwer jobs.lu

Jobs.lu gouf am Joer 2007 gegrënnt mam Zil Rekrutéierungen ze vereinfachen. Séit 2013 ass jobs.lu

Deel vun der StepStone Grupp, enger Duechtergesellschaft der Axel Springer SE.

Haut ass jobs.lu d’Referenz am Beräich Online-Rekrutéierung um lëtzebuergesche Maart, déi lokal Entreprisen dobäi ënnerstëtzt de richtege Kandidat zum richtege Moment ze fannen. Eise Service zeechent sech duerch seng Diversitéit un Aarbechtsplazen, d’Qualitéit vun de Kandidaten-Profiller an eise renomméierte Cliente aus.

Als exklusiven a lokale Partner vun The Network© – een Bond vun de féierende Rekrutéierungswebsäiten an iwwer 130 Länner weltwäit – bitt jobs.lu Iech moossgeschneidert an international Léisunge vir Är Rekrutementer.

Eis motivéiert lokal a multi-lingual Equipe engagéiert sech all Daach vir Iech de bescht méigleche Service Client souwéi déi passend Léisungen entspriechend Äre Bedierfnesser ze bidden. Trei eisem Motto: Recruitment made simple!