FAQ

Wéi vill kascht d’Publikatioun vun enger Annonce?
D’Publikatioun vun enger Annonce kascht 440€ netto mat enger Publikatiounsdauer vu 60 Deeg iwwer Self Service. Mir offréieren Iech och gären weider Produiten a Servicer. Kontaktéiert eis ganz einfach ënner dem +352 27 99 27 98 oder fëllt de folgende Formulaire aus, vir eis Äre Rekrutéierungsbesoin matzedeelen.

Wéi laang ass eng Annonce online?
Är Annonce si vir eng Dauer vu 60 Deeg op eiser Säit online. Den Enddatum gëtt op Ärem Bon de Commande ugewisen.
Kontaktéiert eis w.e.g., wann Är Annonce éischter vun eisem Site geholl soll ginn.

Wéi verfaassen ech eng effektiv Annonce?
1. Fänkt un mat engem einfachen a verständlechem Titel
2. Definéiert d’Aufgaben an d’Responsabilitéite vum neie Mataarbechter, sou wéi d’Eegenschaften, déi vir des Positioun erfuerderlech sinn.
3. Definéiert d’Qualifikatiounen, Erfarungen, Kompetenzen a Wëssen, déi ee Kandidat matbrénge muss vir den Ufuerderunge vun dem Poste gerecht ze ginn.
4. Wat d’Kandidate méi Informatiounen iwwert Är Entreprise an déi offréiert Plaz hunn, ëmsou besser sinn herno d’Resultater vun de Kandidaturen.

Wéi eng Logo-Formater kennen erop geluede ginn?
PNG-, JPEG- oder GIF-Bilddateien ginn akzeptéiert.

Kann eng Annonce och nach no senger Publikatioun geännert ginn?
Selbstverständlech, kontaktéiert ganz einfach eise Service Client, deen Iech gäre bei all Modifikatioun zur Säit steet.

Wéi kréien ech d’Kandidature vun de Kandidaten?
D’Kandidature ginn entweder un déi E-Mail-Adress geschéckt, déi Dir bei Ärer Commande uginn hutt oder d’Kandidate ginn direkt op eng intern Säit vun Ärer Entreprise weider geschéckt.